déi Lénk

@dei-lenk.bsky.social

Haut de Moie war de @marc-baum.bsky.social um 100,7. Virun der Rotatioun mécht de Marc Baum den Tëschebilan vun der Aarbecht vun déi Lénk an der Chamber a vun enger CSV-DP Regierung déi sech just nach mat enger Tournée générale ze hëllefe wosst. Lauschtert eran!

"D'Regierung ass just aus der Sakgaass komm, andeems se de Portmonni opgemaach huet"

No dräi Joer wäert fir den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum no der Summerpaus virleefeg Schluss an der Chamber sinn. Nom Rotatiounsprinzip vun der Partei gëtt hien dann ersat. Et hätt een déi lescht...

100komma7.lu

Hei fannt Dir eise Communiqué zu rezenten Aussoe vum Aarbechtsminister iwwer d'Plattformaarbecht. déi Lénk fuerderen ee konkrete gesetzleche Kader dee kloer Krittäre virgesäit fir de "lien de subordination" festzestellen. Eis Proposition de loi mécht genau dat!

Plattformaarbecht: D’Regierung gëtt Negligence zou.

D’Diskussiounen an der Aarbechtskommissioun dës Woch bestätegen dat, wat déi Lénk zënter Jore kritiséieren: D’Regierung huet et zougelooss, datt sech e Modell entwéckelt huet, deen op der Ausbeutung vu Plattformaarbechter.inne baséiert, ouni anzeschreiden. D’Aussoe ...

dei-lenk.lu

On bedéngt liesen. Klengen Teaser: "Quand on est de gauche, il ne faut pas discuter avec le patronat, il faut le combattre. Il faut expliquer que ce qu’ils veulent n’a rien à voir avec la compétitivité, mais avec la maximalisation des profits."

Être de gauche en 2025 : « Les gens veulent reprendre le contrôle de leur vie »

« Être de gauche, c’est d’abord être anticapitaliste », affirme David Wagner. Pour le député Déi Lénk, l’agressivité dont fait désormais preuve le patronat exige de nouvelles réponses de la part de la...

woxx.lu

Mat hirem Plang bekämpft d'Regierung d'Aarmut net, mee si verwalt se. Mir proposéieren dräi strukturell Mesuren, déi een direkten Impakt hunn. Hei eise Communiqué:

BildBild

CSV ass just nach e Schied. D'Propos fir d'Recht op IVG an d'Verfassung ze schreiwen, läit säit Méint um Dësch. 8 Aviser sinn erakomm, dovu 5 aus der Zivilgesellschaft, déi am Reen virun der Dier steet. Déi selwerernannte "Vollékspartei" huet keng Meenung. Hir Membere sëtze just do a bleiwe roueg.