André "MCKitkat" Marques

@mckitkat.bsky.social

Co-Spokesperson @dei-lenk.bsky.social | Historian | Gamer (he/him) | Multilingual (🇺🇸/🇬🇧,🇩🇪,🇫🇷,🇱🇺,🇵🇹)

To celebrate Shipbreaker’s 4th anniversary, we're giving away bundles of exclusive merch including custom Bunny D plushies (bones not included)! Follow us, reshare this post, and reply with your favorite Shipbreaker moment to enter. More details below 👇

Bild

Dës Äntwert vum Minister Hahn ass erbärmlech an eng absolut Bankrotterklärung fir de Logement zu Lëtzebuerg. Et ass en kloert: "Tjo, Pech domm gaangen, dat ass eben esou ze Lëtzebuerg. Géi schaffen an dann klappt et schonn" Dobäi ass ganz kloer, dass souguer schaffen keen Logement garantéiert...

E Reproche, dee beim Max Hahn net gutt ukoum: “Jo, de Familljeminister kennt säi Rôle ganz gutt. Ech mengen, ech sinn do, fir deene vulnerabele Leit ze hëllefen. A mir wëssen, dass Wunnen hei zu Lëtzebuerg deier ass. Fir jiddereen hei zu Lëtzebuerg: Lëtzebuerger, Net-Lëtzebuerger, a jo, dat gëllt och fir d’Flüchtlingen. An dofir ass et mir ganz wichteg, an dat hunn ech do net fir d’éischt gesot, ech soen dat all Kéiers, wann ech Flüchtlinge begéinen. An ech begéinen där ganz vill, dass mir hei zu Lëtzebuerg eben en deiert Liewen hunn, mat ganz deiere Wunnpräisser. Dofir gëllt et keen Dag ze verléieren, fir d’Sproochen ze léieren, fir sech weiderzebilden, fir esou séier wéi méiglech an Aarbecht ze kommen. Well soss kënnen déi Leit hei zu Lëtzebuerg net reusséieren. Dat ass den Appell, deen ech maachen. An ech mengen, do sinn ech doudéierlech, do sinn ech genee am Rôle vun engem Familljeminister.”

Ech sinn fréi genuch wakreg fir mir d'Chamber ze gönnen. E bëssi komesch wann vun der DP verfecht gëtt dass Schaffen sech och Lounen soll, wann den aktuellen Mindestloun iwwerhaapt net duergeet an dës Regierung sech weigert fir der EU Direktiv folleg ze leeschten....

Laut ACA kommen vill Assureuren op Lëtzebuerg well hei eng Sécherheet besteet déi wichteg ass fir de Business, dat wuel duerch eng stringent Regulatioun. Mee fir d'ACA soll een net ze vill reglementéieren, sécher net méi wéi d'EU vue dass et schlecht fir de Business ass. Wat dann elo?

Wien kennt et net: déi Lénk probéiert Radikal Islamisten zu Lëtzebuerg als Wieler ze gewannen duerch: *checks notes* - IVG an der Verfassung ze verankeren - Fraerechter auszeweiten - E bessere Schutz a Gläichberechtegung vun der LGBTIQ+ Communautéit - En Asaz fir Mënscherechter an Droit Intern.

Dass mir zu Lëtzebuerg just 60 Deputéierten hunn, déi dann och just 3 Deeg an der Woch Sëtzungen kënnen hunn ass einfach erbärmlech fir eis Bananenrepublik. Montenegro an Malta hunn méi Deputéierten bei manner Awunner. Mir brauchen Deputéierten a Vollzäit an och der méi fir effektiv ze schaffen.

500 Dausend Euro zu Diddeleng an d'Stad Lëtzebuerg traut sech mol net ze soen wéi vill den Hang-Over-To-Willy den Gemengen kaschten wäert. Et soll ni méi een soen, dass mir fir A oder B keng Suen hunn. Dat ass komplette Blödsinn. De Frick ass do, just de politesche Wëllen deen feelt.

Vue dass ech a Verspéidung sinn, e klengen Rant iwwert d'Meeschterleeschtung vum Urban Planning beim Stadion: Wat ass dat fir en absoluten Quatsch deen déi opgebaut gouf. Nee mee elo seriö. Rout Luuchten fir Foussgänger brauchen esou laang, dass Leit léiwer iwwert d'Strooss laafen (4 Spuren).

Laut Michel Reckinger wier d'Patronat déi eenzeg, déi sech fir Jonker agesaat hunn. Wëll si den Décken eppes ewechhuelen wollten fir de kléngen ze ginn. Just blöd net ze erwähnen, dass d'Patronat eigentlech alleguerten eppes ewechhuelen wollt. Jiddereen 5 Kamellen manner, mee ganz ënnen 1 dobäi.

Den Ofschloss vun de Sozialronne weist, dass dës Regierung pur Ideologie bedreiwt. D'Altersoarmut wäert klammen, d'Grousspatronat profitéieren a kleng Commerce leiden. Eng kuerz a knapp 1. Reaktioun: 👇

Bon, dat war dann en Echec an d'Regierung weist sech onfäheg eng Léisung ze fannen an gëtt einfach op??? Dat haut war weder Revolutioun, nach Evolutioun. Et ass eng Kapitulatioun virun der Aarbecht déi eng Regierung misst maachen. Des Regierung ass net capabel dëst Land no vir ze bréngen...

Dësen Weekend ass e wichtegen an der Erënnerung vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg. Et ass awer emsou méi wichteg, net op falsch Informatiounen an Mythen eranzefaalen. Dat hunn dei Deeg an dat hunn déi vill Affer net verdéngt.

Mat all de Problemer mat deenen d'Jugend konfrontéiert gëtt, ass eng Aféierung vun enger Wehrpflicht, egal a wat fir enger Form, e weidert Zeechen, dass der Politik d'Jugend absolut schäiss egal ass. Jonker sollen dann elo enthusiastesch kämpfen fir en System ze erhalen, deen se schäissen deet...

Ënnerwee op Wolz mam Bus, dat bedeit Sight-Seeing duerch den Éislek. Gesäit ganz schéin ass, mee war dir schonn am Minett? (Fun Fro, vue dass souwisou kaum ëffentlechen Transport am Éislek fiert, do kënnt een knapps an d'nächst Duerf geschweige denn an den Minett)

Ech soot et virun 15 Deeg, an elo huet d'EU eben dat bewisen. Absolut keen Reckgrat. Stattdessen ginn mir den USA nach méi Frick. Dat sinn eis wonnerschéi Wäerter an eis wonnerschéin Softpower. Déi aktuell EU Kommissioun schafft méi fir d'USA wéi fir d'EU. Méi fir d'Kapital wéi fir de Mënsch...

André "MCKitkat" Marques@mckitkat.bsky.social · last yr.

US Strong Man Politik déi just fonktionnéiert wëll d'EU keen Réckgrat huet. Et ass erbärmlech! Si falen alleguerten op hir Knéien fir dem Trump ze huldëgen, obwuel hien sech wéi e Bully opféiert. 5% Nato-Budget, Ausnam bei der Bestéierung vun Multinationalen, elo erëm Tariffer. Si kréien alles!

Ech hunn sait läschtem Joer en extrem kritesche Bléck zur RIAL an hirem Antisemitismus-Rapport nodeem do ganz vill faktuell Feeler dran waren. Gekoppelt mat der ganzer Intransparenz vun der Organisatioun an der onseriösitéit vum Rapport muss onbedéngt eng Institutioun de Roll iwwerhuelen.

D'LSAP Diddeleng, ënnert dem President vun der nationaler LSAP, stëmmt géint (!) eng Motioun, fir eng Partnerschaft mat enger palästinensescher Stad anzegoen. Dat wier e stoarkt Symbol vu Solidaritéit gewierscht an hätt kënnen e konkreten Impakt hunn. Dont acte!

US Strong Man Politik déi just fonktionnéiert wëll d'EU keen Réckgrat huet. Et ass erbärmlech! Si falen alleguerten op hir Knéien fir dem Trump ze huldëgen, obwuel hien sech wéi e Bully opféiert. 5% Nato-Budget, Ausnam bei der Bestéierung vun Multinationalen, elo erëm Tariffer. Si kréien alles!

DP muss en Kalenner fir d'Pensiounsreform hunn: All Dag kréien mir eng nei Stoussrichtung geliwwert. Komm mir fänken déi ganz Debatt vun fir un, momentan ass dat éischter e schlechte Witz wéi iergendeng seriö Handhab vum Thema.

D'Patronat wëll also, dass mir alleguerten sollen Sonndes schaffen goen. Dat ass och iergendwann keng Majoratioun méi néideg. Dat ass ë massiven Ugrëff op Sozial Aqcuisen an op eis Fräizäit. Wéi wier et stattdessen mat enger 32 Stonnen Woch? Am Plaz eis alleguerten schäissen ze doen??

De Reckinger héiert sech un wéi e Mann am Bunker abseits vun der Realitéit: Den OGBL ass d'France Insoumise an d'CGT an och nach vun Echsenmënschen besaat an ech ginn mam Luc bis op den Ënn an de Bësch spazeieren!1!1!1 Komplett delulu... www.rtl.lu/radio/invite...

Invité vun der Redaktioun (25. Juni) - Michel Reckinger: "D'Leit sollen e Samschdeg net op d'Maniff goen"

E Mëttwoch de Moie waren ënner anerem déi grouss Protest-Maniffen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

rtl.lu

Witzeg dass Analysten soen, dass eng Sperrung vun Hormuz onwahrscheinlech ass, vue dass do e riesegem Rateschwanz drunhänkt, mee dass den Iran mat enger Atombomm Israel géif auslöschen, obwuel do och en riesegen Rateschwanz drunhänkt, dat ass dann 100% secher oder wat???